Blasius Columban von Bender

Blasius Columban von Bender
Gebuer 14. November 1713
Gengenbach
Gestuerwen 20. November 1798
Prag
Aktivitéit Politiker, Offizéier


De Blasius Columban Freiherr von Bender gebuer de 14. November 1713 zu Gengenbach a Baden, a gestuerwen den 20. September[1], oder den 20. November[2] 1798 zu Prag, war en Offizéier, deen an de Kricher vum 18. Joerhonnert am Déngscht vun Éisträich stoung an deen um Enn vu senger Karriär de Rang vun engem Feldmarschall hat.

Wéi de Bender 1733 an d'keeserlech Arméi agetrueden ass huet hien nach ënner dem Prënz Eugen géint d'Tierke gekämpft.

Duerno war hien am schleseschen, am hollänneschen an am Siwejärege Krich dobäi, a gouf dobäi e puermol blesséiert. 1758 gouf hie Colonel, 1769 Generolmajouer a 1775 Feldmarschallleutnant. 1782 gouf hie wéinst senge Verdéngschter als Freiherr geadelt.

Als Feldzeugmeister gouf hie 1785 Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg. Do hat hien eng wichteg Roll, wéi 1789 d'Brabanter Revolutioun ausgebrach ass. Hien ass am November 1790 mat 30.000 Mann géint Bréissel marschéiert, a konnt d'Stad den 3. Dezember erueweren. An e puer Wochen hat hien déi ganz Belsch am Grëff an den Herzog Albrecht vu Sachsen-Teschen konnt als ieweschte Gouverneur zeréckkommen.

Fir déi Leeschtung gouf hien den 1. Januar 1792 mat dem Grousskräiz vum Maria-Theresien-Uerden ausgezeechent.

An de Revolutiounskricher déi du koumen, ass seng Offizéieschkarriär am Alter vun 82 Joer, de 6. Januar 1795 op en Enn gaangen, nodeem hien d'Festung Lëtzebuerg aacht Méint géint d'Fransouse verdeedegt hat.

Hie war am Ganze bei 29 Feldzich, 12 grousse Schluechten, a 6 Belagerungen dobäi.

Hie war de Monni vum Joachim von Bender. Hie war dräimol bestuet, fir d'éischt mat der Anna Freiin von Kollin, duerno mat der Johanna Katharina Michaela von Gutenthal, a fir d'lescht vu 1774 un, mat der Luise Gräfin von Isenburg-Budingen (1731-1813).

A senger Zäit als Kommandant vun der Festung huet de Bender am Gouverneurspalais gewunnt[3].

An der Stad Lëtzebuerg huet d'Strooss déi vun der Wallisplaz un d'Verbindung mat der Rue des Trévires mécht säin Numm (Rue Bender).

  1. LuxLex
  2. Biographical Dictionary of all Austrian Generals during the French Revolutionary and Napoléonic Wars - 1792-1815
  3. Plack op der Façade an der Rue du Palais de Justice

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Tubidy